A wien ass hannert WeConnect?
Eng intergenerationell Ekipp!
WeConnect huet net nëmmen als Ziel intergenerationell Relatiounen hierzestellen mee ass selwer eng intergenerationell Ekipp. Mir hunn selwer intergenerationalen Austausch erlieft, an et huet eis bewisen zu wat mir kapabel sinn wa mir eis Stäerkten kombinéieren!
Mir sinn no bei eisen Wäerter.
Ob der enger Seid, hunn mir d’Clémentine, de Gilles an den Ivo, si sinn Studenten an wou se ugefaangen hunn ze studéieren sinn sie direkt mat Problematik vun deenen Jonken bei der Wunnengssich konfrontéiert ginn. Dat huet eis wierklech motivéiert fir Léisungen fir aner Studenten ze fannen an hinnen ze hëllefen.
Ob der anerer Seid den Christian, eventuell net mei ganz esou jonk, mee mat vill Experienz an voller Wäisheet. Zesummen mam Christian ze schaffen erméiglecht eis déi zwou Generatiounen, respektiv hir Bedierfnisser an hiert Verlaangen ze verstoen.
Awer virun allem ass WeConnect eng Ekipp déi un d’Solidaritéit gleeft ! Mir wëllen daat intergenerationellt Zesummeliewe förderen an deem mir Wäerter wei den Austausch, Deelen an géigensäiteg Hëllef ervirhiewen.